Frënn vun der Ënn A.S.B.L.

Luxembourg based non-profit organization defending civil rights on the internet.

User Tools

Site Tools


Sidebar

blog:lieserbreif_un_d_letzebuerger_wort

Lieserbréif un d'Lëtzebuerger Wort

Dësen Text gouf den 06.04.2016 als Lieserbréif am Lëtzebuerger Wort publizéiert. PDF

Reaktioun op den Artikel “Le Supermarché du Terrorisme” vum 19.03.16 vum Thierry Labro

Als eng Lëtzebuerger ASBL., déi Tor-Serveren bedreift an och generell schafft fir d' Ëffentlechkeet iwwert den Schutz vun der Privatsphäre um Internet ze informéieren, erschéngt et eis noutwenneg, ären Artikel vum 19.03.16 ze beäntweren. Dësen Artikel ass eiser Meenung no souwuel onvollstänneg wei och schlecht Dokumentéiert; zum Deel enthält en net nëmmen ongenee, mä och vollstänneg falsch Aussoen, déi beméit ginn, fir en alarmisteschen Narrativ ze strecken.

Et fält schwéier, engem Artikel Glawen ze schenken, deen, fir iwwert eng bekannten an vill diskutéiert Technologie ze schreiwen, sech op eng eenzeg - anonym! - Quell verléisst. Dëst ass an eisen Aen eng Verletzung vun den elementaarsten Regelen vun all Recherche, an suggeréiert en Mangel vun journalisteschem Professionalismus säitens vum Auteur. An sengem beméien, eng “Film Noir” Atmosphäre ze suggeréieren, mat anonymen Informanten an geheimen Treffen, ass et offensichtlech, dat den Thierry Labro sämtlech Primärquellen vernoléissegt huet.

D' Funktiounsweis vun Tor gëtt vereinfacht zum Punkt vun der Verfälschung - “utilise des noeuds” ass, zum Beispill eng Ausso, déi komplett ouni Bedeitung ass. Den Auteur berifft sech op torproject.org als Origine vum Programm, mä säin iwwergoen vun der Funktiounsweis, an seng falsch Duerstellung vun den Inhalter, der Natur an den Benotzer vum Tor-Netzwierk erwechen den Androck, wei wann en den Site net iwwert déi éischt Säit eraus gelies hätt. Tor ass keng “autoroute parallele ou les panneaux n'existent pas”; et gëtt wuel déi sougenannten “hidden Services”, déi just iwwert Tor accessibel sinn, mä 94% (!) [1] vun dem Trafic ginn op gewéinlech Säiten vum “Clearnet”, also vum normalen Netz. D' Hidden Services selwer sinn net den Inkubator vun Schlechtegkeet, als deen den Artikel se well duerstellen: Esouguer Facebook huet esou een ageriicht, fir den Zougrëff op hiren Site a Länner wou den Internet zenséiert ass ze vereinfachen.

Dëst bréngt eis zu engem ganz wichtegen Aspekt vun Tor am speziellen an Anonymiseierungstechnologien am Allgemengen: Wäit dovun, eng Spillsaach fir Paranoider oder en Instrument vum Verbriechen ze sinn, ass Tor a villen Länner eng batter Noutwennegkeet. Wann den Internet zenséiert gëtt, an vun fräien Zeitungen oder Televisioun keng ried méi ass, ass esou Software oft déi eenzeg Method vir op auslännesch Medien zouzegräifen. Ass et korrekt ze soen dat mat engem Outil, deen vun Reporters sans Frontières [2] an dem Rapporteur vun den Vereenten Natiounen vir Ausdrocksfräiheet [3] als ganz wichteg ugesinn gëtt, “La morale [..], l'ordre, l'autorité, le bien et le mal ne sont plus que de lointains souvenirs…”?

Och bei eis gëtt Tor vir legitim Zwecker benotzt, zum Beispill vun Journalisten, Affer vun haislecher Gewalt a vun Aktivisten. Den Auteur ass äusserst respektlos wann en des Leit mat Terroristen an Drogendealer an een Dëppen gehäit. Jo, den System gëtt och vun Kriminellen benotzt. Nee, et ass weder seng Haaptverwendung, nach seng Bestëmmung.

Tor gëtt vun Fräiwëllegen bedriwwen, déi Zäit, Geld an Material investéieren fir den System um lafen ze halen, fir sécher ze stellen dat den Service do ass wann Leit en wierklech brauchen. Den Artikel vum Här Labro trëppelt dësen Leit hier Aarbecht mat Féiss wann en insinueiert, datt si alleguer Krimineller sinn, “[qui] continuent à rire à chaque fois que l'Union européenne fait un pas vers son «level playing field».”. 

Frënn vun der Ënn A.S.B.L.

[1] https://blog.torproject.org/blog/some-statistics-about-onions

[2] https://rsf.org/en/news/reporters-without-borders-and-torserversnet-partners-against-online-surveillance-and-censorship

[3] https://www.accessnow.org/un-report-encryption-and-anonymity-online-necessary-to-advance-human-rights/

blog/lieserbreif_un_d_letzebuerger_wort.txt · Last modified: 2016/04/06 12:34 by kahpa