Frënn vun der Ënn A.S.B.L.

Luxembourg based non-profit organization defending civil rights on the internet.

User Tools

Site Tools


Sidebar

blog:mir_sinn_alles_terrorverdaechteger

Mir sinn alles Terrorverdächteger!

Duerch rezent Leaks ass op Tapéit komm, datt NSA mat hirem Programm “XKeyscore” Leit direkt als Extremist kennzeechent wann een scho nëmmen no “Tor” am Internet sicht. Tor ass ee Programm, dat engem erlaabt anonym am Internet kenne ze surfen. Hei ginn also Sécherheetsbewosst Leit an Persounen gebrandmarkt well se hier Privatsphär wëllen schützen. Sou eppes ass mat enger Demokratie net vereinbar!

Frënn vun der Ënn A.S.B.L. huet sech 2013 gegrënnt an ënnerstëtzt Tor wou se nëmmen kann. Notamment duerch d'Schafung vun genuch Infrastruktur fir d'Tor Netzwierk. Duerch eis Aarbecht sti lo all Memberen an wahrscheinlech souguer Donateuren ënnert Generalverdacht. An dat nëmmen well mir eis fir esou een immens wichtegen Projet asetzen.
Mir froen eis, wéini hält dat doten op? Firwat gëtt een als Extremist markéiert wann een Anonym am Internet well surfen?

Am Moment sinn dann also iwwert 2.500.000 Tor Benotzer quasi Terroristen, wann et no der NSA geet. Perversioun un der ganzer Saach ass awer, datt et schonn duer geet nëmmen no “Tor” ze googlen. Alleng schonn wann een sech well informéieren, lant een well op Leschten vun der NSA a wee weess vu wei engen aneren Spëtzeldéngschter” sou de Sam Grüneisen.

Frënn vun der Ënn A.S.B.L. zesummen mam Chaos Computer Club Lëtzebuerg verlaangen vun eiser Regierung datt se Bevëlkerung muss opklären, wisou och op mannst 1.500 Lëtzebuerger Tor Benotzer elo vun der NSA als Extremist markéiert gi sinn a wat eis Regierung gedenkt géint déi onethesch,ongesetzlech an ondrobar Bespëtzelung ze ënnerhuelen.

The limits of tyrants are prescribed by the endurance of those whom they oppose.” - Frederick Douglass

blog/mir_sinn_alles_terrorverdaechteger.txt · Last modified: 2014/12/04 17:48 (external edit)