Frënn vun der Ënn A.S.B.L.

Luxembourg based non-profit organization defending civil rights on the internet.

User Tools

Site Tools


Sidebar

blog:sozial_netzwierker_an_deng_fraei_meenungsaeusserung

Sozial Netzwierker an deng fräi Meenungsäusserung

Wann Internet-Firmen all är Uploads (Postings, Photoen, Videoen, Zitater asw) préiwen mussen, dann ginn se och dofir verantwortlech gemaach, wann hier Filteren fälschlecherweis Inhalter duerchloossen. A filteren ass schwéier. Wann et ëm Auteursrecht geet, kann e Filter. d’Grozonen net erkennen. Ausnamen fir d’Léier oder fir Parodien an Zitater. D’Sozial Netzwierker hunn dann nëmmen zwou Méiglechkeeten: Hiert eegent Risiko ze reduzéieren an domadder alles ze blockéieren, wat eventuell an dës Grozon gehéiert oder hiert Risiko ze erhéijen an domadder Parodien, Zitater an aner Ausnamen ze erméiglechen. D’Reaktioun vun den Firmen ob dës Verantwortung ass net iwwerraschend… Se ginn léiwer op Nummer sécher an iwwerdreiwen et mam blockéieren. Däin Recht op Meenungsfräiheet wäert ëmmer manner Wäert sinn wéi hier GeschäftsInteressien.

Wat kanns du maachen?

Déi kommend Wochen sinn entscheedend! Tweet oder schreif eng E-Mail un deng EU Deputéiert am JURI-Comité. De 26. a 27. Mäerz, entscheet eis Europa-Deputéiert mat iwwert den Internet-Filter. Notz d’Hashtags #CensorshipMaschine an #filterfail fir ze weisen, datt s du géint den Internet-Filter am Artikel 13 bass. Lëtzebuergesch Europa-Deputéiert am JURI-Comité ass:

Mir hunn well e puer Tweets virbereet (Dat soll iech net dovunner ofhalen, selwer kreativ ze ginn):

.@mady_delvaux Stitt op fir eis Meenungsfräiheet online. Schwätzt iech géint #censorshipmachine am Virschlag vun der #copyright Richtlinn aus!
.@mady_delvaux Stitt fir eis Online-Privatsphär. Schwätzt iech géint #censorshipmachine am Virschlag vun der #copyright Richtlinn aus!
.@mady_delvaux Weist, datt iech Privatsphär a Meenungsfräiheet fir d’Bierger wichteg ass. Schwätzt iech géint den Virschlag vun der #censorshipmachine an der #copyright Richtlinn aus!
.@mady_delvaux Internet-Filter funktionéieren net. Schwätzt iech géint den Virschlag vun der #censorshipmachine an der #copyright Richtlinn aus!

Den Internet-Filter wäert dem Benotzer seng Rechter huelen. Deng Hëllef ass gefrot! Politiker schaffen dorunner, fir den wäitreechenden Internet-Filter ze erschafen. En Filter entscheet, weien vun dengen Uploads vum Recht der Welt ka gesi ginn an weien net. Genau dës Filteren sinn feelerufälleg an entscheeden falsch. Du denks et géif en Wee ginn, dem fälschlechem Blockéieren ze widderspriechen?
Denk nach emol driwwer no.

blog/sozial_netzwierker_an_deng_fraei_meenungsaeusserung.txt · Last modified: 2018/03/26 20:15 by virii