Frënn vun der Ënn A.S.B.L.

Luxembourg based non-profit organization defending civil rights on the internet.

User Tools

Site Tools


Sidebar

ennmeeting:2017-05

EnnMeeting Minutes 2017/05

Date 06/02/2017
Time 19:00
Location ChaosStuff

Agenda

Minutes

FOSDEM

Mir haten een gedeelten Stand mat nos oignons, Tails an Torprojet. Donations goufen all duerch 4 gedeelt. Mir hunn am ganzen 710€ erageholl.
All eis Sticker sinn fortgaangen. D'Leit hunn sech bal zerklappt fir der ze kréien. Dat heescht mir brauchen asap nei Sticker. Vläicht och mat engem weideren Design. Mir sollten och drun denken mol weider Poster drécken ze lossen. Mir brauchen och Tshirts mat engem extra Design. Well déi extra Shirts mat engem eegenen Design sinn immens gutt verkaf ginn. Gréissten déi am meeschten verkaf goufen waren M, L an XL. Mir hunn och ee klengen Stock un Tor T-Shirts matkritt déi net verkaf goufen.

Nächst Joer wär et net vu Muttwëll fir een eegenen Stand zesummen mam C3L ze hunn!

Crypto Party

2 Crypto Partie'en sinn accordéiert ginn vun déi Lénk. Elo kuckt den chrescht fir dat un d'rullen ze kréien.

Shirts

Shirts fir FVDE sollen och an den C3L Shop kommen!

Internationalen Ambassadeur

Et gouf ugereegt fir eng Statutenännerung op der AG virzedroen, fir den Internationalen Ambassadeur aus dem Verwaltungsrot ze huelen, an en als Posten an enger Kommissioun ze verdeelen. Des Iddi gouf awer erëm eestëmmeg verworf.

ennmeeting/2017-05.txt · Last modified: 2017/02/06 19:24 by virii