Luxembourg based non-profit organization defending civil rights on the internet.
Mir haten 14 EnnMeetings iwwert Joer verdeelt, an haten 38 oppen Méindeger wou mir eis neien interesséierten Leit virstellen. Desweidern waren mir mat 3 Presseartikelen am Joer 2017 vertrueden.
Mir waren mat dem Chaos Computer Club Lëtzebuerg A.S.B.L. op't FOSDEM (Konferenz iwwer oppen Software) zu Bréissel.
Mir hunn bei EDRi eng Observer Applikatioun eran gereecht, di och akzeptéiert gouf. FVDE sinn elo offiziell Member an der EDRi Famill.
Mir waren op't No Spy Konferenz zu Stuttgart. Do hunn mir een Virtrag iwwer Anonymitéit am Internet gehalen.
Mir waren op´t Spark-Up Night vum Chaos Computer Club Lëtzebuerg, A.S.B.L. Een Info Event vun Memberen fir Memberen zum Thema programméier Couren.
Vum 31 Juli bis den 5 August waren mir um zweeten [h]ackyard, een eegestännegen Camp am Fräien organiséiert vum Chaos Computer Club Lëtzebuerg A.S.B.L. Hei huet een Informatiounsaustausch mat aneren Organisatiounen statt fonnt.