Frënn vun der Ënn A.S.B.L.

Luxembourg based non-profit organization defending civil rights on the internet.

User Tools

Site Tools


Sidebar

start

Frënn vun der Ënn

Welcome to the FVDE wiki. This is a place to publish drafts, configs and project documentation.

General information about the organization can be found on our main website

Latest News

Abuse mail statistics June 2018

Abuse mail counter: 167
DMCA Complaints: 145
Hacks/Attacks/Scans: 12
Bot activity: 10
Other: 0

We received an information request from an american lawyer, but it could be resolved peacefully as our servers are situated in europe. There were also a lot of botnets in comparison with previous months.

2018/07/09 21:34 · fantawams

Solidaritéit mat den Däitschen Aktivisten!

Hautzedaags ass et leider ganz normal an üblech, dass wann een sech aktiv fir eis digital Rechter asetzt, een vum Staat ageschüchtert gëtt. Den 20. Juni goufen et bei enger Partner ASBL, der “Zwiebelfreunde e.V.” (déi och ewéi mir, Tor Serveren bedreiwen), engem Hackerspace zu Augsburg, souwéi bei den Leit aus den jeeweilegen Comitéen Hausduerchsuchungen an Perquisitiounen.

Firwat et dozou komm ass? Den Grond ass ganz simpel. Eng Internetsäit déi zu Gewalt géint d'AfD oprifft, huet hiren Email Account bei “Riseup”; Engem Ubidder deen ënner anerem eben E-Mail Accounts fir Aktivisten ubitt. Zwiebelfreunde hunn een Spendenkonto bei deem een sécher ka sinn, datt seng Suen och bei Riseup ukommen. Lo ass et esou, datt déi Internetsäit, wou zum Protest opgeruff gëtt, seng Kontakt E-Mail och bei Riseup huet. An doropshin huet d'Police an Däitschland wuel déi fatal Schlussfolgerung gezunn, datt Zwiebelfreunde och Bedreiwer vun Riseup musse sinn an domadder wuel och mussen deen jeenegen sinn, deen Protestwebsäit bedreift.

Wann Police aus Däitschland sech an deem Fall och nëmmen 5 Minutten Zäit geholl hätt, dann hätt een séier erausfonnt, datt dat esou net ka sinn. Einfach eemol uruffen oder eng E-Mail hätt ville Leit, vill Misère kënnen erspueren. Do derbäi kënnt dann och nach, datt de Comité vun den Zwiebelfreunde just als Zeien gehandelt ginn a net als Verdächteger vun enger Strofdot! Déi Aktioun säitens der Police entseet jiddwer Verhältnesméissegkeet.

Dowéinst kritiséieren mir op't schäerfst d'virgoen vun der Däitscher Justiz. Et kann net sinn, dass Leit déi sech aktiv fir een oppent an fräien Internet asetzen, esou drangsaléiert ginn well d'Police hei Schlussfolgerungen zitt, déi einfach nëmmen skandaléis sinn.

Mir weisen eis dofir solidaresch mat deenen betraffenen Leit an ënnerstëtzen Zwiebelfreunde och bei hiren Rechtlechen Schrëtter géint d'Perquisitiounen an d'Hausduerchsuchungen!

2018/07/07 00:47 · virii
start.txt · Last modified: 2015/10/09 18:04 by kahpa