Frënn vun der Ënn A.S.B.L.

Luxembourg based non-profit organization defending civil rights on the internet.

User Tools

Site Tools


Sidebar

start

Frënn vun der Ënn

Welcome to the FVDE wiki. This is a place to publish drafts, configs and project documentation.

General information about the organization can be found on our main website

Latest News

So nee zum EU Internet Filter!

Filter geheien der NASA vir, Videoen ze veröffentlechn, déi der NASA gehéieren

All Dokumenter déi vun der NASA verëffentlecht ginn, sinn „public domain“, se gehéieren der Ëffentlechkeet an dierfen dofir och vun jidderee benotzt ginn. Verschidden Fernsehsender benotzten Biller vun der NASA an hirer Sendung an schützen hier Ausstralungen mam Uerheberrecht, sou wei si et ëmmer maachen.Wei Copyright-Algorithmen dunn des Sendungen analyséiert hunn, hunn si d’NASA-Material erkannt. Dorausser hunn se dunn beschloss, dass d’NASA den Uerheberrecht vum Fernsehsender verletzt huet. Den Problem gouf natierlech séier geléist, mee eréischt nodeems Videoen vun der NASA blockéiert goufen. Wat leieren mir dorausser? Filteren kenne net mat „Public Domain“ ëmgoen.

Link: https://www.techdirt.com/articles/20120808/12301619967/how-googles-contentid-system-fails-fair-use-public-domain.shtml

Filter analyseieren Viedeomaterial, wat Krichsverbriechen dokumenteiert, gesinn awer nemmen d’Krichsverbriechen selwer.

Sozial Netzwierker, wëllen hier Benotzer net mat Inhalter konfrontéieren, déi fir se onangenehm kéinten sinn. YouTube benotzt zum Beispill en Filter, fir d’Erkennung vun „extremisteschen Inhalter“. D’Resultat? Zéngdausend Video, di Krichsverbriechen an Syrien dokumentéieren, goufen geblockt. Den Krich war ob emol e bëssen manner grausam. An dat nëmmen, well den Filter net zwëschen Filmmaterial zur Dokumentatioun an Filmmaterial zur Ënnerstëtzung ënnerscheeden kann. Wat leieren mir doraus? Filter verstinn kenn Kontext. Link: https://www.nytimes.com/2017/08/22/world/middleeast/syria-youtube-videos-isis.html Vir et kuerz ze maachen: Filter versoen. Mir dierfen keng Internet-Filter hunn, di duerch den Internet zeien an iwwert eis Riedefräiheet bestëmmen. Vir Biergerinnen an Bierger kann dat net gutt ausgoen. Mir mussen sécherstellen, dass Politik dat versteet.

Wat kanns du maachen?

Déi kommend Wochen sinn entscheedend! Tweet oder schreif eng E-Mail un deng EU Deputéiert am JURI-Comité. De 26. a 27. Mäerz, entscheet eis Europa-Deputéiert mat iwwert den Internet-Filter. Notz d’Hashtags #CensorshipMaschine an #filterfail fir ze weisen, datt s du géint den Internet-Filter am Artikel 13 bass. Lëtzebuergesch Europa-Deputéiert am JURI-Comité ass:

* Mady DELVAUX, @mady_delvaux (LSAP / S&D).

Mir hunn well e puer Tweets virbereet (Dat soll iech net dovunner ofhalen, selwer kreativ ze ginn):

.@mady_delvaux Stitt ob vir eise Meenungsfräiheet online. Spriecht iech géint #censorshipmachine am Virschlag vun der #copyright-Richtlinn aus.
.@mady_delvaux Stitt vir eis Online-Präsenz an. Spriecht iech géint #censorshipmachine am Virschlag vun der #copyright-Richtlinn aus.
.@mady_delvaux Beweist, dass iech Privatsphäre an Meenungsfräiheet fir Bierger wichteg ass a widderspriecht dem Virschlag vun der #censorshipmachine aus der #copyright-Richtlinn.
.@mady_delvaux Internet-Filter funktionéieren net.

Spriecht iech géint #censorshipmachine am Virschlag vun der #copyright-Richtlinn aus.

Politiker wëllen ongëeegent Filteren etabléiere fir den Internet kënnen ze kontrolléieren:
Deng Ënnerstëtzung ass gefuerdert!

2018/03/15 17:52 · chrescht

Abuse mail statistics February 2018

Abuse mail counter: 471
DMCA Complaints: 467
Hacks/Attacks/Scans: 4
Bot activity: 0
Other: 0

Nothing special for February.

2018/03/05 18:30 · fantawams
start.txt · Last modified: 2015/10/09 18:04 by kahpa